All content for E puer Wierder iwwer Wierder is the property of radio 100,7 and is served directly from their servers
with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
D'Lëtzebuerger Sprooch ënner d'Lupp geholl. An all Episod steet en neit Wuert am Fokus.
Dës Kéier geet et ëm e Schreiftipp an e Buschtaf, deen a ville Wierder ronderëmgeeschtert, obwuel e guer net dohi gehéiert.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: An e puer Deeg ass Halloween an du hues eis e grujelegt Wuert matbruecht!
C: Genee, haut geet et ëm de Geeschter-r!
S: Geeschter-r, ass dat esou grujeleg? Also de Buschtaf R, mee als Geescht?
C: Dat Wuert hunn ech souzesoen erfonnt. Et baséiert op mengen Erfarunge mat der Lëtzebuerger Orthografie a wéi d'Leit schreiwen.
Ech hunn deem e ganz speziellen Numm ginn, an zwar ass dat eng ganz, ganz typesch Feelerquell, déi ech gesinn, wann d'Leit Lëtzebuergesch schreiwen, an zwar nennen ech dat einfach Geeschter-R.
S: Firwat Geeschter? Wat huet dat mat engem Geescht ze dinn?
C: Ma vill Leit schreiwen en R op Plazen, wou en iwwerhaapt net higehéiert. An dee geeschtert sou ronderëm.
S: A firwat ass dat esou? A wéi eng Wierder sinn dat?
C: Ma mir hunn am Lëtzebuergesche verschidde Wierder, déi mer mat engem R schreiwen, wou mer den R awer iwwerhaapt net héieren. Mir soen zum Beispill stierwen.
S: Oh mei, dat ass jo scho rëm e grujelegt Theema. Dat ass jo scho rëm fir Halloween.
C: Jo, mee wa mer dat misste schreiwen, rëm zréck bei d'Orthografie, hu mer dat STIERWEN. Ech héieren den R awer net. Ech soen jo net stieRwen. Mee ech soen stie_wen. Den R ass op där Plaz vokaliséiert – wéi et an der Linguistik heescht – well den R ass natierlech kee Vokal.
S: … mee e Konsonant.
C: Jo, an do hu mer lo e Konsonant, dee mer net esou schwätzen (R). E verschmëlzt souzesoe mat deene Vokaler virdrunner an ech héieren e guer net méi als Konsonant. Doduerch, dass e mat deene Vokaler virdrunner verschmëlzt, wëssen d'Leit intuitiv net méi, ob se deen R elo schreiwe sollen oder net.
An dann hu mer de Problem, dat kléngt fir d'Leit dann d'selwecht: stierwen = liewen – wat wonnerschéin Antonymmen haut!
S: A wéi schreiwen ech dat?
C: Also 'liewen', schreiwen ech, mat IEW a 'stierwen', mat IERW.
S: A wouhier weess ech dann, ob en R kënnt oder net?
C: Ma well mer dat net esou genee héieren, kucke mer einfach an d'Däitscht, wou mer fir déi meescht Wierder eng Form fannen, wou mer gesinn, ob déi vun der Wuertstruktur hier en R huet oder net.
Also do hu mer 'leben' an 'sterben', an do, also den R am Däitsche kann ech och vokaliséieren, ech kann och soen "steaben", ech ka souguer och déi lescht Silb verschlécken (steabm), mee ech kann awer och soen "SteRben", dat ass e bësse méi kënschtlech, mee awer esou geschriwwen. Awer et ass ganz oft, dass grad an deene Wierder, déi vill virkommen, souguer beim Pronomen 'Iech' schreiwen d'Leit deelweis och IERCH: mir wënschen Iech alles Guddes, ech wollt Iech nach eppes soen, asw. Si schreiwen dann den IE(R)CH wéi Kierch – Iech, Kierch. Oder Kuerbel an Nuebel.
S: Dat kléngt och erëm genee d'selwecht!
C: Jo, an dat ass de Punkt, awer d'Kierch schreiwe mer mat R, kucke mer erëm am Däitschen, KIRCHE, an an der Form Iech, Däitsch EUCH, do hunn ech iwwerhaapt keen R. Kuerbel ass Däitsch "Kurbel" an Nuebel ass "Nabel", dofir Nuebel ouni R, Kuerbel mat R. An duerfir nennen ech dat Geeschter-R, well dee geeschtert sou ronderëm an d'Leit hunn iergendwéi am Lëtzebuergesche oft keng Intuitioun, wéini e kënnt a wéini net.
An dat ass haaptsächlech hannert engem IE, wou mer dann de vokaliséierten R sou gutt wéi guer net méi héieren. Op anere Plazen héiere mer en och net, sou eppes wéi Aa(r)becht oder mäi lénken Aa(r)m, mer schreiwe mat R, obwuel mer en net héieren. Beim Aarm hu mer natierlech och eng weider Form Arem/Ärem, mat zwou Silben, jo, oder Duerf, do hu mer och Duerf an Dueref, do héieren ech souguer am Lëtzebuergeschen, ob den R geschwat ka ginn oder net.
Et ass heiansdo e bësse blöd, wann ee muss d'Erklärungen an d'Däitscht siche goen, well do sinn einfach deelweis Leit, déi gäre Lëtzebuergesch schreiwe léieren, awer déi keen Däitsch kënnen. Do denken ech elo un déi, déi d'Lëtzebuergescht als Friemsprooch léieren, déi bréngen net ëmmer Wëssen am Däitschen mat, an duerfir ass et am Fong flott, wa mer d'Saachen och iwwert d'Lëtzebuergescht erkläre kënnen.
S: Mee dat geet awer net ëmmer?
C: D'Schreifweise fir Liewen ouni R a Stierwen mat R, déi erkläre sech an deem Fall just iwwert d'Däitsch, well mer mam Däitschen zesummen einfach déi selwecht Racinnen hunn vun deene Wierder, op déi déi Formen zréckginn.
S: Also wann ech am Lëtzebuergeschen onsécher sinn, kucken ech, ob dat Wuert am Däitschen en R kritt?
C: Ganz genee!
S: An domat si mer och um Enn fir haut. Mir soen der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs.
C: Merci och! A Wierder natierlech mat R, well op Däitsch WÖRTER. An d’Schlusswuert ass: Äddi!
E puer Wierder iwwer Wierder
D'Lëtzebuerger Sprooch ënner d'Lupp geholl. An all Episod steet en neit Wuert am Fokus.