Ee Joer laang huet de Lëtzebuerger Journal d'Team Lëtzebuerg begleet. Kommt mat hannert d'Kulisse vun de Paralympics 2024.
D'Cilia huet 13 Joer, ass Judoka an dreemt vun der nächster Editioun 2028 zu Los Angeles. Fir e bessert Gefill dofir ze kréien, wat e bedeit sech fir d'Paralympics ze qualifizéieren, huet d'Cilia wärend dem leschte Joer dat aktuellt Team Lëtzebuerg begleet. An de Lëtzebuerger Journal war dobäi. Bei den Ups, den Downs, ma och dem Moment, an deem d'Sportler*innen rausfannen, ob si sech qualifizéiert hunn oder net.
D’Hoffnungsdréier – e Podcast vum Lëtzebuerger Journal.
Recherche a Moderatioun: Misch Pautsch
Konzept a Produktioun: Maxime Toussaint
All content for D'Hoffnungsdréier is the property of Lëtzebuerger Journal and is served directly from their servers
with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
Ee Joer laang huet de Lëtzebuerger Journal d'Team Lëtzebuerg begleet. Kommt mat hannert d'Kulisse vun de Paralympics 2024.
D'Cilia huet 13 Joer, ass Judoka an dreemt vun der nächster Editioun 2028 zu Los Angeles. Fir e bessert Gefill dofir ze kréien, wat e bedeit sech fir d'Paralympics ze qualifizéieren, huet d'Cilia wärend dem leschte Joer dat aktuellt Team Lëtzebuerg begleet. An de Lëtzebuerger Journal war dobäi. Bei den Ups, den Downs, ma och dem Moment, an deem d'Sportler*innen rausfannen, ob si sech qualifizéiert hunn oder net.
D’Hoffnungsdréier – e Podcast vum Lëtzebuerger Journal.
Recherche a Moderatioun: Misch Pautsch
Konzept a Produktioun: Maxime Toussaint
November 2023. D'Cilia kämpft um Judo Youth Cup U15. Wéi et fir hatt op Kompetitiounen ëfters de Fall ass, gëtt hatt vun enger ganzer Ekipp begleet. Den Arnaud Grisier, Trainer vum Judo Club zu Stroossen, de Franz Kofler, 28x Landesmeeschter an Éisträich a Coach vum Cilia, an natierlech seng Elteren. Si zielen eis seng Geschicht.
Fir Para-Sportler*innen ass et awer eigentlech méi üblech, eleng ze sinn, well et einfach net genuch Leit ginn, déi am Para-Sport aktiv sinn. De Christophe Ley, Professer fir ugewant Statistik op der Universitéit Lëtzebuerg, erklärt eis wéi dat de Para-Sport zeréckhällt. Mir léieren och de Joël Adams kennen, e Lëtzebuerger Para-Vëlosportfuerer, deen, wéi d'Katrin Kohl, de Philippe Hein an de Matteo Scuto, fir e Slot zu Paräis 2024 kämpft.
Kontaktéier den LPC via info@paralympics.lu, start deng Para-Sportskarriär elo
Join the LUNEX experience, méi Infos dozou op www.lunex.lu
Du wëlls méi iwwer Reklamme wëssen? Schreif eis op podcast@journal.lu
D'Hoffnungsdréier