Komm mir schnësse mateneen. An dat wéi fréier: ronderëm de Kaffisdësch mat engem gudde Biz Kaffi. Déi nächst Méint si mir am ganze Land ënnerwee. Mir wëlle gewuer ginn, wat iech am Alldag beschäftegt. All Etapp steet ënner engem anere Sujet. A well dobäi spannend Gespréicher entstinn, hëlt de Maxime Toussaint se op: an engem Podcast.
All content for De Kaffisdësch vum Lëtzebuerger Journal is the property of Lëtzebuerger Journal and is served directly from their servers
with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
Komm mir schnësse mateneen. An dat wéi fréier: ronderëm de Kaffisdësch mat engem gudde Biz Kaffi. Déi nächst Méint si mir am ganze Land ënnerwee. Mir wëlle gewuer ginn, wat iech am Alldag beschäftegt. All Etapp steet ënner engem anere Sujet. A well dobäi spannend Gespréicher entstinn, hëlt de Maxime Toussaint se op: an engem Podcast.
D'Stater Braderie fënnt zanter 96 Joer den 1. September statt.
A jidderee verbënnt déi eng oder déi aner Erënnerung mam sougenannten "Schueberfouerméindeg".
Fir d'Mireille Rahmé, Präsidentin vun der Union Commericale de la Ville de Luxembourg (UCVL), ass et net anescht. Wéi si kleng war, ass si ganz fréi opgestan, well hir Mamm Schong kafe wollt. D'Mooss 38 war nämlech ëmmer séier fort. Haut steet si op dësem Dag nach ëmmer fréi op. Dat awer, well si et mat organiséiert a mat ganz ville Leit an d'Gespréich komme muss. Dobäi war natierlech och de Passage op eisem Kaffisdësch e Must. De ganzen Dag war d'Ekipp vum Lëtzebuerger Journal virun der Feierboun, Partner vun eisem "Tour de Luxembourg", mat guddem Kaffi am Asaz, fir mat hire Lieser*innen iwwer Journalismus ze schwätzen.
Wéi geet et eigentlech dem Stater Commerce? Wat bedeiten esou grouss Surfacen, wéi d'Cloche d'Or oder d'Galeries Lafayettes fir de lokalen Handel? A wéi wäit huet Online Shopping een Afloss dorobber, wéi gutt e Geschäft leeft? Genee dës Froen huet de Maxime Toussaint hir gestallt.
An och nach ganz vill méi. De Kaffisdësch vum Lëtzebuerger Journal ass en "Open Air" Podcast. E gëtt live op eisen Eventer opgeholl an ass esou och partizipativ. Den Dag iwwer hat jiddereen d'Méiglechkeet, Stéchwierder, déi hinnen zum Thema "E Buttek an der Stad" an de Kapp komm sinn, op eise Kaffisdësch ze schreiwen.
Dës Iddien a Froen huet de Maxime méi spéit am Gespréich mat afléisse gelooss.
De Kaffisdësch vum Lëtzebuerger Journal