Home
Categories
EXPLORE
True Crime
Comedy
Society & Culture
Business
Sports
History
Fiction
About Us
Contact Us
Copyright
© 2024 PodJoint
00:00 / 00:00
Sign in

or

Don't have an account?
Sign up
Forgot password
https://is1-ssl.mzstatic.com/image/thumb/Podcasts221/v4/d4/27/86/d42786e3-6835-d1d3-90fd-d796e805b252/mza_1206619367440775826.jpg/600x600bb.jpg
De Kaffisdësch vum Lëtzebuerger Journal
Lëtzebuerger Journal
3 episodes
1 month ago
Komm mir schnësse mateneen. An dat wéi fréier: ronderëm de Kaffisdësch mat engem gudde Biz Kaffi. Déi nächst Méint si mir am ganze Land ënnerwee. Mir wëlle gewuer ginn, wat iech am Alldag beschäftegt. All Etapp steet ënner engem anere Sujet. A well dobäi spannend Gespréicher entstinn, hëlt de Maxime Toussaint se op: an engem Podcast.
Show more...
Society & Culture
Business,
Leisure
RSS
All content for De Kaffisdësch vum Lëtzebuerger Journal is the property of Lëtzebuerger Journal and is served directly from their servers with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
Komm mir schnësse mateneen. An dat wéi fréier: ronderëm de Kaffisdësch mat engem gudde Biz Kaffi. Déi nächst Méint si mir am ganze Land ënnerwee. Mir wëlle gewuer ginn, wat iech am Alldag beschäftegt. All Etapp steet ënner engem anere Sujet. A well dobäi spannend Gespréicher entstinn, hëlt de Maxime Toussaint se op: an engem Podcast.
Show more...
Society & Culture
Business,
Leisure
Episodes (3/3)
De Kaffisdësch vum Lëtzebuerger Journal
#3 E Buttek an der Stad
D'Stater Braderie fënnt zanter 96 Joer den 1. September statt. A jidderee verbënnt déi eng oder déi aner Erënnerung mam sougenannten "Schueberfouerméindeg". Fir d'Mireille Rahmé, Präsidentin vun der Union Commericale de la Ville de Luxembourg (UCVL), ass et net anescht. Wéi si kleng war, ass si ganz fréi opgestan, well hir Mamm Schong kafe wollt. D'Mooss 38 war nämlech ëmmer séier fort. Haut steet si op dësem Dag nach ëmmer fréi op. Dat awer, well si et mat organiséiert a mat ganz ville Leit an d'Gespréich komme muss. Dobäi war natierlech och de Passage op eisem Kaffisdësch e Must. De ganzen Dag war d'Ekipp vum Lëtzebuerger Journal virun der Feierboun, Partner vun eisem "Tour de Luxembourg", mat guddem Kaffi am Asaz, fir mat hire Lieser*innen iwwer Journalismus ze schwätzen. Wéi geet et eigentlech dem Stater Commerce? Wat bedeiten esou grouss Surfacen, wéi d'Cloche d'Or oder d'Galeries Lafayettes fir de lokalen Handel? A wéi wäit huet Online Shopping een Afloss dorobber, wéi gutt e Geschäft leeft? Genee dës Froen huet de Maxime Toussaint hir gestallt. An och nach ganz vill méi. De Kaffisdësch vum Lëtzebuerger Journal ass en "Open Air" Podcast. E gëtt live op eisen Eventer opgeholl an ass esou och partizipativ. Den Dag iwwer hat jiddereen d'Méiglechkeet, Stéchwierder, déi hinnen zum Thema "E Buttek an der Stad" an de Kapp komm sinn, op eise Kaffisdësch ze schreiwen. Dës Iddien a Froen huet de Maxime méi spéit am Gespréich mat afléisse gelooss.
Show more...
1 month ago
34 minutes

De Kaffisdësch vum Lëtzebuerger Journal
#2 Demokratie fréi léieren
Wat wier, wann eis Kanner un der Muecht wieren? D'Äntwert heescht Mini-Lënster. Eng Kannerspillstad an der Jongen a Meedercher tëscht 6 an 13 Joer an enger fiktiver Stad mat demokratescher Struktur Rollespiller spillen. Se gi schaffen, erliewe wirtschaftlech Prinzippien a gi wielen… fir d'Annabelle Fisch, wat déi zwou Wochen als Buergermeeschtesch ofgeschloss huet. Parallel start Jonglënster dëst Joer säi Kannergemengerot, an deem hatt och dobäi wäert sinn. Ma wisou ass et esou wichteg, Kanner fréi fir Politik ze sensibiliséieren wat? Wat sinn de Kanner hir politesch Prioritéiten a fierwen déi vun den Erwuessenen op si of? A wéi wäerten d'Kanner mam "richtege" Gemengerot a sengem Buergermeeschter, dem Ben Ries, zesummeschaffen? Genee dës Froen huet de Maxime Toussaint net nëmmen dem Ben Ries, ma och dem Annabelle Fisch, gestallt. An och nach ganz vill méi. De Kaffisdësch vum Lëtzebuerger Journal ass en "Open Air" Podcast. E gëtt live op eisen Eventer opgeholl an ass esou och partizipativ. Wärend dem Nomëtten hat jiddereen d'Méiglechkeet, Stéchwierder, déi hinnen zum Thema "Demokratie fréi léieren" an de Kapp komm sinn, op eise Kaffisdësch ze schreiwen. Dës Iddien a Froen huet de Maxime méi spéit am Gespréich mat afléisse gelooss. Als Partner vun eisem "Tour de Luxembourg", begleet d'Feierboun eis op all Etapp mat hirem Specialty Coffee.
Show more...
2 months ago
33 minutes

De Kaffisdësch vum Lëtzebuerger Journal
#1 Kaf lokal
Wéi wichteg ass d'Kaffiskultur zu Lëtzebuerg – e Land, wou een net vu "frühstücken" schwätzt, ma ganz einfach vu "Kaffi drénken"? Wéi gesäit d'Liewe vun engem Butteksbesëtzer aus, an enger Stad, wou stänneg gebaut gëtt? A firwat ass et haut méi wichteg wéi jee, lokal anzekafen? Genee dës Froen huet de Maxime Toussaint dem Vincent Della Schiava, Co-Founder vun de Feierboun Coffeeroasters, gestallt. Ma net nëmmen dat. De Kaffisdësch vum Lëtzebuerger Journal ass en "On-Air" Podcast. E gëtt live op eisen Eventer opgeholl an ass esou och partizipativ. Wärend dem Owend hat jiddereen d'Méiglechkeet, Stéchwierder, déi hinnen zum Thema "Kaf lokal" an de Kapp komm sinn, op eise Kaffisdësch ze schreiwen. Dës Iddien a Froen huet de Maxime méi spéit am Gespréich mat afléisse gelooss. Als Partner vun eisem "Tour de Luxembourg", wäert d'Feierboun eis mat hirem Specialty Coffee op all Etapp begleeden.
Show more...
5 months ago
31 minutes

De Kaffisdësch vum Lëtzebuerger Journal
Komm mir schnësse mateneen. An dat wéi fréier: ronderëm de Kaffisdësch mat engem gudde Biz Kaffi. Déi nächst Méint si mir am ganze Land ënnerwee. Mir wëlle gewuer ginn, wat iech am Alldag beschäftegt. All Etapp steet ënner engem anere Sujet. A well dobäi spannend Gespréicher entstinn, hëlt de Maxime Toussaint se op: an engem Podcast.