De Lëtzebuerger Aarbechtsmarché sicht verzweifelt no Main d'Oeuvre. Gläichzäiteg ginn d'Kompetenze vu ville Mënsche mat enger Beanträchtegung nach ëmmer net genuch gesinn. Wéi gesäit d'Realitéit fir déi Persounen aus? Wéi eng Barrièrë sti weider am Wee? A wéi vill Potenzial bleift ongenotzt?
Déi Froen hunn d'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal an deene leschte Méint versicht ze beäntweren. D'Resultat ass e Podcast, deen d'Erausfuerderungen an d'Méiglechkeete beliicht, déi eng inklusiv Politik net nëmme fir déi Betraffen, mee och fir d’Gesellschaft an d’Wirtschaft opmaache kéint.
1cm, e Podcast vum Lëtzebuerger Journal. Vum 9. Oktober un. Abonnéier elo schonn de Podcast, fir keng Episod ze verpassen.
All content for 1 cm is the property of Lëtzebuerger Journal and is served directly from their servers
with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
De Lëtzebuerger Aarbechtsmarché sicht verzweifelt no Main d'Oeuvre. Gläichzäiteg ginn d'Kompetenze vu ville Mënsche mat enger Beanträchtegung nach ëmmer net genuch gesinn. Wéi gesäit d'Realitéit fir déi Persounen aus? Wéi eng Barrièrë sti weider am Wee? A wéi vill Potenzial bleift ongenotzt?
Déi Froen hunn d'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal an deene leschte Méint versicht ze beäntweren. D'Resultat ass e Podcast, deen d'Erausfuerderungen an d'Méiglechkeete beliicht, déi eng inklusiv Politik net nëmme fir déi Betraffen, mee och fir d’Gesellschaft an d’Wirtschaft opmaache kéint.
1cm, e Podcast vum Lëtzebuerger Journal. Vum 9. Oktober un. Abonnéier elo schonn de Podcast, fir keng Episod ze verpassen.
Et ass net einfach, sech an d'Käpp vu senge Matmënschen ze versetzen.
Dat ass wouer, wann et ëm Emotioune geet, an nach méi, wa mir vu Beanträchtegunge schwätzen. Dofir ass Sensibiliséierung och sou wichteg, genau sou wéi Leit, déi aktiv dru schaffen.
Independanten, déi eng Beanträchtegung hunn, kënnen e Vecteur vu genee dëser Sensibiliséierung sinn - well si d’Erausfuerderunge vum Alldag kennen. Genau dat trëfft op d'Michèle Vallenthini, Conseilsmember vum Lëtzebuerger Journal a Grënnerin vun der Digital-Marketingagence Wild Solutions, an de Joël Schmit zou, deen d'App AutiHD entwéckelt huet.
Ma net nëmmen si: Och d'Christine Zimmer an den Andrea Di Ronco vun Info-Handicap souwéi de Max Hahn, Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, soen eis, wat hei am Land ënnerholl gëtt, fir beschtméiglechst ze sensibiliséieren.
D'Episod elo an einfacher Sprooch: https://journal.lu/de/1-cm-ep-1-liewensaccidenter-einfacher-sprache
Zur AutiHD App: https://apps.apple.com/lu/app/mindory-ai-planner/id6503987647
Zesummendigital vum Digitaliséierungsministère: https://zesummendigital.public.lu/fr.html
Chambre des Métiers, de Partner vum Handwierk: https://cdm.lu
Hidden Disabilities Sunflower: https://hdsunflower.com/lu
Info-Handicap: https://info-handicap.lu
1 cm